RaRo

RaRo ass d’Ofkierzung vu Ranger a Rover, dat si jonk Erwuessener, tëscht 17 a 23 Joer.

D’RaRo gi geleet vum Rachel a Betty
Kontakt: raro[at]lgs-echternach.org

 

 

 


D’Route ass déi iewescht Branche vun eisem Trupp. Domat sinn hir Ziler déi selwecht,
wei  déi vum ganzen  Trupp. Mee, eleng duerch den Alter, ergi sech aner Méiglechkeeten an
Ufuerderungen. D’RaRo sinn an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen.

Zum Erwuesse-sinn gehéieren eng Rei perséinlech Charakteristiken a Fäegkeeten, wéi zum
Beispill d’Realitéit erkennen, eng eege Meenung hunn, Verflichtungen akzeptéieren an
awer och a Situatiounen flexibel reagéieren.

Zum Engagéiert-sinn gehéiert: a bewosster Bezéiung zu senger sozialer an natierlecher
Ëmwelt liewen; sech ausenaner setze mat de Wäerter an Idealer vun eiser Gesellschaft,
Wäertënnerscheeder gesinn, eng Verantwortung an eng Roll iwwerhuele fir eng bestëmmte
Gemeinschaft e Stéck virun ze bréngen.