CaraPio

CaraPio ass d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jonker; Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer.

D’Versammlunge sinn all 2. Samschdeg vu 16h00 bis 18h00.

D’CaraPio gi geleet vum Isabelle W., Isabelle S., Chiara a Charel.
Kontakt ophuelen


 

D’CaraPio treffe sech fir zesumme flott Aktivitéiten z’organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gëtt geluecht op d’Matbestëmmung, esouwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchféiere vun den Aktivitéiten.

Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwe ginn.
Wat mir erliewen? De Startschoss fir en neit Joer ass ëmmer d’Montée, wou déi nei CaraPio an d’Trupp opgeholl ginn. Den absoluten Héichpunkt vum Guiden- a Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass.

· Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
· Knäppe vun internationale Frëndschaften
· Abenteuer erliewen
· am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
· d’Natur a senge Verschiddenheeten erliewen

Grenzen iwwerwannen: „Fuer duer“ ass de Sproch vun de CaraPio; organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.