Biber

D’Biber dat ass d’Branche vun eise Jéngsten, a riicht sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer.

D’Versammlunge sinn all 2. Samsdeg, moies vun 10h00 bis 12h00.

D’Biber gi betreit vum Rachel, Tammy a Liz.
Kontakt: biber[at|lgs-echternach.org

 

 


An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d’Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert ginn a mir wëllen déi fir d’Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D’Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt ginn, si solle léiere sech auszedrécken.

Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d’selwecht sinn, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hunn. Wéi d’Biber an der Natur, léieren d’Kanner hiert Ëmfeld z’erfaassen an erliewen d’Schéinheete vun der Natur ouni awer d’Geforen z’ignoréieren.

D’Biber treffe sech reegelméisseg fir hir Biberversammlungen. Donieft maache si Sortien, e Week-end vun enger Nuecht an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp mat 3 Nuechten.