Startsäit

Wëllkomm op der Homepage
vum Eechternoacher Troupe St. Willibrord

 

Zu Eechternoach an an der Ëmgéigend gëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten vum Troupe Saint Willibrord representéiert, dee schonn zanter 1921 besteet.
Ob dëser Homepage fënns Du all d’Informatiounen iwwert eis Trupp, d’Versammlungen, hir Uspriechpartner an eis Aktivitéiten.

 

Branchen

fann eraus wéi eng Branche fir dech déi richteg ass

Maach mat!

gëff en Deel vun eiser Trupp

um Tour

Iwwerall wou mir hi ginn…


Annulatioun Buergbrennen 2021

Déi Responsabel vum Centre d‘Incendie et de Secours vun Iechternach an der Troupe Saint Willibrord vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn, opgrond vun der aktueller sanitärer Situatioun, decidéiert dëst Joer kee Buergbrennen z‘organiséieren. Mir bedaueren, datt mer den 21. Februar keen traditionnellen Buergsonndeg zesumme mat den Iechternacher Leit verbrénge kënnen mä wëllen all méigleche Risiko evitéieren. Mir freeën eis awer schonn op déi nächst Editioun ënner normalen Ëmstänn.

CIS Echternach & LGS Echternach