Geschicht
D’Geschicht vun der Troupe St. Willibrord kuerz resuméiert:
D’Geschicht vun eiser Troupe geet bis op den Juli 1921 zréck.
Ewéi sech e puer jonk Handwierker an Aarbechter zesumme gedoen hu, konnt déi éischt Boy-Scouts Sektioun zu Iechternach gegrënnt ginn.
Ënnert der Leedung vum Här Paschtouer Daubach als Aumônier, an dem Här Bern Kieffer als éischten Scoutschef, huet den Troupe mat 20 Memberen ugefaang. Scho kuerz duerno, huet den nach jonke Grupp am August 1921 säin alleréischte Summercamp organiséiert.
Zeng Joer méi spéit, ass dat éischt Lokal vum Veräin am August 1931 feierlech ageweit ginn. Dëst Blockhaus tëscht Iechternach an der Weilerbaach war dofir bekannt dat schéinst an der Ëmgéigend ze sinn.
Den Trupp sollt d’Haus awer net laang notzen. Well schonn 1940 huet den Amtsbürgermeister Christian Stock während der däitscher Besatzung d’Blockhaus ofbauen an oftransportéierte gelooss. No der Evakuatioun konnt den Troupe nëmme schwéier nees opgebaut ginn. Als Lokal goufen eng sëlleche Plaze benotzt, mä un en neit Blockhaus war deen Ament net ze denken.
Am November 1945 huet d’Troupe St. Willibrord hir alleréischt Troupenzeitungen erausbruecht. Et goufen 150 Exemplären gedréckt an dovunner sinn 50 Stéck an der Librairie Burg verkaf ginn.
1952 hu sech eng Partie eemoleg Scouten zu enger „Amicale des Anciens Scouts L.S.“ ënnert den Num „Déi al Trapper“ zesummegedoe mam Ziel genuch Suen zesummenzekréien fir dem Troupe en neit Lokal z’erméiglechen.
1957 sinn d'Scouten am Veräinshaus an der Jofferegaass ënner Daach komm.
1966, sollt et endlech esou wäit sinn. Op Initiative vum deemolege President, dem Här Jérome de Jong an dem Här Kaplan Waldbillig, krut d'Troupe St. Willibrord hiren Chalet.
De fréieren CFL-Schapp vum Beforter Charly a Jangly war am Gespréich. Fir dësen Projet ze realiséieren, gouf de „Comité Protecteur de la Troupe St. Willibrord“ gegrënnt.
1978 huet d'Troupe St. Willibrord zesumme mat der Protection Civile en ale Brauch zu Iechternach nees opliewe gelooss: Dat éischt Buergbrennen ass organiséiert ginn!
Esou goufen et iwwert déi ganz Joeren eng ganz Rei flott Aktivitéiten, wéi national an international Campen, Fester an Theater-Opféierungen.
1989 engagéiert sech den Troupe fir den Entwécklungsprojet MBORO am Senegal z'ënnerstëtzen. Vun Iechternach gi 5 Cheffen mat, fir déi aner 122 aus dem Land am Senegal z'ënnerstëtzen a mat eegenen Hänn Opbauhëllef ze leeschten.
Enn Juli 1991 sinn déi éischte Kéier eng 11 Explorer a Cheffen op de bekannte Jamborette-Camp, en internationale Summercamp an der Géigend vun Haarlem (NL), gefuer.
1992 ass den Troupe an Trauer. Den Här Phillipe Buijs (Animateur spirituell an Pio-Chef) huet eis fir ëmmer verlooss.
Den 5. Juli 1992 war de grousse Wëllefchersrally zu Iechternach, op deem 1200 Kanner deel geholl hunn.
1996 konnt den Troupe St.Willibrord ënnert der Leedung vum Gillen Carlo seng 75 Joer feieren. De Veräin huet eng Ausstellung am Hihof ,eng Porte Ouverte an e Rallye ëm den Iechternacher Séi organiséiert, fir dëst Evenement ze feieren.
2005 ass dei éischt Buerg op der Fescher Insel um Séi ofgebrannt ginn.
2005 war och d’Joer vun den Biber! Opgrond vun der grousser Nofro hunn d'Simone Modert a d'Josée Schilling dës Branche an d’Liewe geruff, esou dat den Troupe zanter hir Kanner vum zweete Cycle un encadréieren kann. Déi nei Branche huet natierlech en Ënnerdaach gebraucht ! No laangem hin an hier sollten d’Biber dunn 2006 am frësch renovéierte Grommeshaus um Iechternacher Séi hiert Lokal kréien.
2007 huet d'Troupe St. Willibrord zesumme mat den Escher Juppen, den Kiemer, Aischner a Stengeforter Troupen e grousse Camp am legendäre Gilwell Park ëm Chingford bei London organiséiert ginn. Eng 75 Jongen a Meedercher konnten do net wäit vum B.P sengem „Whith House“ hir Zelter opschloen.
2012, op dëser Plaz wëllen mir all deenen Leit e groussen M.E.R.C.I. soen, déi eisen Troupe gegrënnt, ënnerstëtzt an mat Äifer erhalen hunn