Geschicht
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten goufen de 15. Mee 1994 gegrënnt. Dëse Verband ass den Nofolger vum Verband vun de "Lëtzebuerger Scouten" a vum Verband vun de "Lëtzebuerger Guiden".
De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération Nationale des Scouts du Luxembourg
- FNSL) huet 1919 déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemols - deelweis schon zënter
1913/1914 - als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine"
bestan huet. De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides)
ass gegrënnt gin am November 1938 vum Mgr Pierre Posing. Déi éischt Guidesektioun war
d´Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.
D'Lëtzebuerger Scouten an d´Lëtzebuerger Guiden waren zwee Jugendmouvementer, denen
hiert Haaptzil d'Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom
Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet séng Iddiën a séng Method ufanks
vum 20 Jorhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemols, wuel getrennt fir
Jongen a Meedercher formuléiert, mee all Kéier an der selwechter Zilsetzung an am selwechte
Geescht.
Haut hunn déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hun déi zwee chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déi selwescht Ziler ustriewen, no intensivem Iwwerleën an Zesummenaarbecht de 15. Mee 1994 décidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.