LGS-Echternach
News
Häerzlech Wëllkomm um Site vun der Troupe St. Willibrord
BUERGBRENNEN 2012
Mir invitéieren Iech heimat ganz haerzlech op eist traditionnelt Buergbrennen.
D'Buerg gett ewei emmer um 19h00 Auer um Séi op der Fescherinsel ugestach.
Fir Iessen an Drénken ass vu Mettes u gesuergt.
48 Stonnen BA: D'Scouten vun der Troupe St. Willibrord gi Gas.
D'Memberen vun der Iechternacher Troupe St. Willibrord hu fir déi national Aktioun "48 Stonnen-Benevoler gi Gas" organiséiert vun de Scoutsverbänn LGS a FNEL gehollef en Holzhaischen fir d'Kanner aus der Iechternacher Crèche um Séi zu Iechternach ze bauen. D'"Bonne Action" ass am Optrag vum Fierschter an der Gemeng duerchgefouert ginn an huet sech net op ee Weekend limitéiert. D'Kanner an déi Jonk hu 4 Samschdeger laang gehummert, gezammert an geschafft. D'Haus ass lo quasi wanterfest a wäert de Butzen hoffentlech, wann et bis ganz fäerdeg ass, vill Freed maachen.
http://mywort.lu/echternach/14226836.html