RaRo
Branche RaRo
D´Ranger an d´Rover si Jugendlech, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joër. Sie bilden déi iewecht Branche vun Verband vun de Lëtzebuerger Guiden aScouten. Hir Ziler sin domat déi nämlecht wéi déi vum ganze Verband. Mee, eleng duerch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.
D´RaRo sin an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder
virbereeden : d´Wiel vum Beruf, d´Wiel vun engem Liewenspartner an d´Wiel vun
enger Liewensorientatioun. Den Numm vun der Branche, Route as Ausdrock vun
dësem sichen an ennerwee sin. D´Ziler vun der Route orientéieren sech un de
Besoinen vun de Jugendlechen. Si huet als grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues
duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sin, Engagéiert-sin a Chrëscht-sin
schaffen. Eis Method bidd dobäi e Kader. D´Method bei der Route as eng
altersgerecht Uwendung vun der Scoutsmethod. Eis Method huet also déi nämlecht
Charakteristiken, Typ vun Aktivitéiten an Art a Weis fir se durchzeféieren, wéi déi vun
den anere Branchen. Mee bei eis as den eenzelne méi gefuerdert, et as eis wichteg,
dass d´RaRo bewosst un hirer egener Perséinlechkeet schaffen. Zur Method gehéiert:
d´Liewen an engem Grupp.
Kontakt Persoun:
Andy Borrelli
andy Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann.