CaraPio

 

Branche CaraPio

 

 CaraPio as d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër.

 

D´CaraPio treffe sech fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe gin. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joër as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as

· Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen

· Knëppe vun internationale Frëndschaften

· Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen

· am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen

· d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen

 

Grenzen iwwerwannen: ´Fuer duer´ ass de Sproch vun de CaraPio
organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

 


 

Kontakt Persoun:

Paul THILL

Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann.